• Home
  • Jasper
  • Jayden
  • Ellie
  • Maya
  • About Us
150
  • Home
  • Jasper
  • Jayden
  • Ellie
  • Maya
  • About Us

The Di Maggio Family

July 23, 2018
by admin

Breskens 2018

Mir sin elo an der Mëtt vun onser Vakanz. Mir woren baal all Dag um Strand, et gefällt ons wirklech gut. Mir woren och een Dag op Sluis, en klengt Duerf bei der belscher Grenz, … do gin mer nach eemol zereck. Esou charmant 🙂 Fir dem Jasper seng Wieder ze benotzen: “Et ass den Hammer !” ….. 🙂








Category: Family, Trips
April 12, 2018
by admin

An wann een geduecht huet et kéint net méi reenen, dann huet een sech geiert ..

Haut si mer regelrecht fortgeschwämmt gin … och den Gargamel hu mer begéint. Mir duechten mir géingen dann d’Kamellefabrik “Florian” besichtegen goen. Mir woren nodeems mer vum Parking bis an d’Fabrik gedappt sin (10m) plätsch naas. Mir hun et duerno opgin, sin nach an den McDof gefuer an dunn heem, en Spill an Fernseh Mëtteg gemeet. En warm Bidden fierum Iessen wor dun en schéinen Ooffschloss vum Dag.





Category: Family, Trips
April 11, 2018
by admin

Reen, … Reen , …. an nach emmer Reen …

Et reent andauernd, mee bon mir mussen domadder liewen. Mir woren geschter an en Mall Cap3000 an hun do awer am Reen um Strand gies 🙂 Den Jasper as mat engem UFO heem komm. Waat een net alles an esou engem Mall fënnt. D’Ellie huet eng nei Gewunnescht entweckelt: Wann et am Resto färdeg gies huet, steet et op an deet seng Jacket un. Duerno kritt d’Mama hier Jacket an dann den Papa. Just bezuelen wollt et nach net 🙂

Geschter huet sech d’Sonn géingt 18:00 fir 20 Minuten gewisen, du si mer eraus Fussball spillen gaangen, d’Ellie huet all 2 Minuten en NamNam Pause gemeet.

Haut wore mer en Tuer an Italien maachen, …. do reent et och. Anscheinend schwätzt den Papa komesch Italienesch …..

 





Category: Family, Trips
April 9, 2018
by admin

Plascassier 2018

Geschter um 07:14 as den Auto dann endlech aus dem Garage gerullt. No laangen 9 Stonnen mat just 2 Pausen sin mer dun zu Plascassier an der Villa ukomm. D’Kanner woren midd, frouh an begeeschtert. Eng héisch impulsive Mëschung ….. 🙂

Bei 6 Schlofzemmeren an 7 Toiletten wor et um Ufank net einfach ze wessen wou se am Haus woren. Den éischten Stack as dun gespaart gin, an den RdCh als Wunquartéier gewielt gin.

Den Mueren si mer du mol Proviant sichen gefuer, an den Chateau de Napoule besichen gaangen. Do hun mer eng Schatzsuche an den Gärt gemeet, den Schatz wor eng Lutsch …. fir drei Kanner an 2 Erwuesener. Et wor net einfach dem Tania ze erklären dass et d’Lutsch net géing kréien. Ech hun d’Tania em en Kommentar gefroot, mee et mengt et wir elo ze midd an enthält sech 😀








Category: Family, Trips
July 28, 2017
by admin

Dag #1 ….

Also vill geschloof hu mer net. Dem Ellie seng Schold wor daat net ganz, et huet un sech ganz duerchgeschlof, mee et huet awer och Auerenzär gespillt. Mir haaten d’Feis, d’Hänn, den Kapp an nach aaner Deeler vun senger Anatomie am Gesiicht. 🙂

Mir woren op enger al bekanntener Spillplaz  zu Hapjong 😉 an sin nom Mettegiessen an den D-Cube op eng aaner Spillplaz gaangen. Doteschend hun dei Klengst emmer nees e Powernapp gehaal.





Category: Family
July 27, 2017
by admin

Dem Ellie sein Custody Day

Haut um 10:30 wor et esou weit. Mir sin d’Ellie siche gaangen. Et huet am Auto ganz vill gekrasch 🙁 awer duerno huet et sech berouegt an direkt mat den Jungs gespillt. Mir hun och duerfen mat spillen an sin souguer geschmust gin. Duerno sin et Spaghettien gin wou d’Ellie (an d’Jungs) dran gefall sin.

Mir hun ons dunn op de Wee fir op den Cheonggyecheon Floss gemeet, wou d’Kanner sech am Waasser köstlech ameséiert hun. D’Ellie haat Ersatzkleeder derbei, d’Jungs sin am Calçon duerch Seoul gedüst 🙂

No engem TexMex Dinner, wou d’Ellie sech pupsaat genammt huet, sin mer dun awer Richtung Hotel gaangen. D’Ellie huet en beschen gekrasch fir anzeschloofen, mee no enger 15 Minuten huet et sech dem Schlof ergin 🙂





Category: Ellie Rey, Family
July 26, 2017
by admin

Dem Jasper seng Foster Mum

Mir haaten Rendez-Vous bei Holt well den Jasper seng Foster Mum wollt erem gesin. En huet sech richteg gefreet. Duerno sin mer an den Lotte World Tower mam Metro gefuer fir uschleisseng am Hard Rock Café ze iessen. Do hun ons Jongen während dem Iessen richteg op live Musek gerockt.




 

Category: Ellie Rey, Jasper
July 25, 2017
by admin

Ons éischt Deeg zu Seoul

Mir sin gut awer midd Méindes ukomm. Dënschdes wore mer vum Jayden senger Fosterfamille an den Resto agelueden gin an unschleissend an den Aquarium. Do woren souguer richteg Meerjungfrauen 🙂

Den Trip erop op den läschten Stack “Walking On The Cloud” huet sech och gelount, do haate mer eng Vue op 360 Grad op Seoul.




Category: Ellie Rey, Trips
May 25, 2017
by admin

Court Date

Haut wor et dann esou weit, 8712km geflunn fir 5 Minuten mat der Madame Riichterin ze schwätzen. Et as (bis op eng Kläpperei am Geriichtsraum …… et ass mai Buch, neeeee et ass mai Buch ….) alles gut gaangen. D’Mama huet d’Situatioun mat den Jungs défuséiert an den Papa huet der Riichterin gelaach an op hier Froen geäntwert. No 5 Minuten huet se ons vill Glëck fir ons Zukunft an vill Freed mam Ellie gewënscht an Äddi gesoot.

No gefillten 8712km zereck mam Metro vun Süd-West Seoul (iwert Gangam) an den Hotel hun mer ons fresch gemeet an sin dun nach Richtung D-Cube gedüst fir onst Verspriechen ze haalen. D’Jongen hun sech do am Apple Kid’s Café gut ameséiert. Als Iwerraschung koum d’Umma nach eemol Äddi soen, an mir hun zesummen bei engem “eschten” koreaneschen Italiener giess, ….. d’Pizza wor zwar ongewinnt mee iwerraschend gut 😀

Elo spille mer nach eng Partie Tetris mat den Valisen an dann nana, muer um 10:30 geet et dann schon Richtung Flughafen. Äddi Seoul bis an 8 Wochen ….. 🙂



Category: Family
May 24, 2017
by admin

2. Meeting mam Ellie am Apple Kids Café

Haut wore mer en Experiment, se woren fir d’éischt mat Elteren an den Apple Kids Café. Et wor eng schéin Idée, et as vill méi léif an heemlech op der Indoor Spillplaaz. Do konnte mer och ouni Zwang mam Ellie spillen. Et wor nach méi open ewéi geschter, d’Mama huet et duerfen upaaken. D’Mama as och nees gefiddert gin, awer dess Kéier mat Laachen.

D’Umma huet missen 5 Minuten fort aus der Spillplaaz an do huet d’Mama d’Ellie soguer beruecht kruut 😀

Zum Schluss huet den Jayden, den Jasper. d’Ellie an den Papa zesummen am Tunnel gespillt an gekikelt. Mir kruuten d’Ellie net méi eraus 😀

Duerno si mer an den Hard Rock Café nammen gaangen (Eng Weltrees, 22 Metrosstatiounen). Den HR Café as zu Seoul am Lotte World, niewt dem Lotte Tower. Ween meng Dubai hätt grouss Malls, … deen muss emol hei hinner kommen. Onbeschrweiflech grouss, …. Kino, Concertshaal, Aquarium, Indoor Spillplaazen an an an ….

Den Jayden huet ennerwee fir heem nana gemeet, dun hu mir profitéiert (fir d’éischt) op enger Terasse (déi sin EXTREME selten hei) en gudden Green Tea Ice Blended ze drenken. Dem Tania sein Gesiicht as nach emmer gring.









Category: Family
Older Posts
About Us
Read More

Categories

  • Ellie Rey
  • Family
  • Jasper
  • Jayden
  • Trips

Latest Posts

Breskens 2018
July 23, 2018
An wann een geduecht huet et kéint net méi reenen, dann huet een sech geiert ..
April 12, 2018
Reen, … Reen , …. an nach emmer Reen …
April 11, 2018
Plascassier 2018
April 9, 2018
Dag #1 ….
July 28, 2017

Latest Comments

No comments.

Archives

  • July 2018
  • April 2018
  • July 2017
  • May 2017
  • February 2017
  • December 2016
  • July 2016
  • March 2016
  • December 2015
  • September 2015
  • August 2015
  • July 2015
  • May 2015
© 2015 The Di Maggio's
Back to Top