Kyoto
Fir mol nëmmen eppes fir den Jasper ze maachen, si mer haut dunn och an den Aquarium gaangen. All Déier wor e “Wow” fir den Jasper, mee dee klengen Pull virum Ausgang wor dunn séin absoluten Highlight. Eng gut Stonn huet hien an 10cm Wasser gepuddelt an nei Frenn gemeet. Waat fir eng Freed 🙂
Fir den kulturellen Deel vum Dag, si mer dunn nach den Toji Temple kucken gaangen. Mir haaten mat enger Visite vun 10 Minuten gerechend, mee onsen Jong huet ons mat sengem Interesse iwerrascht. Gut dass den Temple um 18:00 zou gemeet huet, well no 2 Stonnen huet dem Papa-San sai Mo dunn awer richteg ugefaangen mat grommelen 🙂
Den Owend heescht et erëm Koffere paacken, fir muer den Mueren um 06:00 aus den Fiederen ze kommen. Mir fléihen vun Osaka op Seoul ………Jippiiii!…Jayden mir kommen!!!!
Category:
Family
May 20, 2015 at 4:24 pm
Wonnerschein Fotoen. Den Jasper ass een klengen Sonnenschéin. Emmer een Laachen am Gesicht. (Mamma and Pappa och). Freen mech op den Jayden. DK