Operation Burrito ….. revival ….
Eigentlech wollte mer haut relax maachen ….. mee nodeems den Google Maps och op Koreanesch wor an net méi ëmzestellen wor, hu mer dunn awer en Probleem mat der Metro’s Statioun kruut. Du si mer halt en “beschen” gedappt. Nom Namsan Park an Seoul Tower, si mer op Iteawon gaangen, fir en Restaurant erëm ze fannen, wou mer virun 3 Joer en super leckeren Burrito gies haaten, nodeems mer den Jasper vir d’éischt kenne geléiert haaten. D’Jackel erënnert sech vleicht, mir haaten deemols vun do ge-skyped 🙂 …klenge Revival aus Nostalgie.
Um Rëckwee as den Jasper am Metro ageschloof …. 🙂 …so wéi fréier..hihi
No enger klenger Raschti an enger gudder Chips wor hien dunn awer nees fitt genuch fir op d’Spillplaatz.
Category:
Family
May 25, 2015 at 12:52 pm
😉 🙂
May 25, 2015 at 1:44 pm
Ohhe huet dir den Jasper midd kritt 🙂 🙂 Hien ass awer op all Foto esou voller Freed. Mech richteg Spass är Fotoen zu kucken. Vill Spass nach.