Seoul Tour
Haut huet d’Minjee ons op den Tour duerch Seoul mat geholl. Mir woren fir d’éischt an en Temple beim Seoul Plaza, wou eng Demonstratioun stattfonnt huet. Den Jasper wor begeeschtert an huet ons duerno Lächer an den Bauch gefroot. Duerno haate mer d’Chance 12 Auer Bosingak Glack ze lauden. Déi as am Joer 1395 gegoss gin ….. daat wor immenz impressionant 🙂
Elo muss een wëssen, daat mer an all den”Adoptiouns-Formatiounen” iwert Südkorea gesoot kruuten, daat Bibimbap iwerall ze kréien wir. Wëll mir awer an deenen 6 Deeg, wou mer hei sin nach keen gesin hun, hu mer d’Minjee gefroot. Hat huet gelaacht an ons gesoot, daat et ganz schwéier as Bibimbap am Restaurant ze fannen, well daat en Iessen as, waat doheem mat den Reschter aus dem Frigo préparéiert gëtt……. no villem Dappen hu mer dann eng Plaatz fonnt, déi en fir ons gemeet hun. Et wor esouuuuu lecker ……… 🙂
Zum Ofschloss vum Tour si mer op Nandeamun gaangen, wou se en groussen Maart hun mat nëmmen Kannerkleeder. D’Tania wor begeeschtert, den Jasper huet geschloof an den Tom huet missen alles droen…aarme dooo…oooh 🙂