Zweeten Meeting
Haut wor onsen zweeten an leschten Meeting mam Jayden …
Et as nees erstaunlech gut gaangen, hien wor vill bei der Mama an huet immenz vill gelaacht. Den Jasper wor och nees super fein mat him, hien versteet just nët wiesou mer den Jayden nët kenne mat heem bréngen. Mir eigentlech och nët, …..
Dem Jayden seng Umma huet ons zwou “kleng” Tuuten fir ons Bouwen matgin and d’Madame DJ huet ons ganz niewelaanscht informéiert, wou mer un eng bëlleg Valise kommen….. déi mer dann déi nächste Kéier eidel sollen nees matbrengen …….
Category:
Family
May 27, 2015 at 3:35 pm
YYYeeesss!! Sin esou frou fir iech an sin iwerzeecht dass déi Zait bis dass dir den Jayden kennt sichen goen, och nach ganz séier wärt vergoen. Thumbs up !
May 27, 2015 at 3:44 pm
esou schéin Fotoen, ech kann den Jasper verstoen schued datt deen Jayden net direkt kann mat op d’Rees goen. Hoffentlech kann deen klengen Sonnenschéin sech ganz ganz geschwenn op d’Rees machen. DK fir den Jasper, hien ass schons direkt een richteg groussen Bruder. Dir kennt richteg stolz op hien sin.
May 27, 2015 at 8:58 pm
Dee klenge Butz ass zum Verléiwen, einfach mega léif Schued, dass dat dann net geklappt huet mat engem 3. Meeting. Mä ech ginn mol dovun aus, dass dir an 4-5 Wochen nees dorower flitt
May 27, 2015 at 9:29 pm
Hello Tania jolies photos et tres beau petit garcon gros bisous a toute ta petite famille