Pororo Park
Nodeems mer eng nei Valise kaafen gaangen sin, fir all déi Kadoen vun der Mrs Jo :)… si mer dunn an den Pororo Park gedüst. Dem Jasper séin Gesiichtsausdrock wou mer eran komm sin, wor onbeschreiflech …. (leider wor ech nët schnell genuch fir eng Foto ze maachen)
Den Park as richteg schéin, super ugeluecht fir d’Kanner … am Jasper sengem Alter… an gut iwersiichtlech.
Duerno wore mer Sushi iessen, wou mer kee Wuert verstaanen hun ……. keng Biller um Menü … an irgendwéi huet Google Translate ëppes nët richteg iwersaat, well mir kruuten en beschen vill …… um Bild feelen riets nach 3 Telleren an wou mer färdeg woren, stoung den Chef mam zweeten Plateau hanner éis…. leider hu mir him dunn gewisen, dass mir awer lo genuch hätten
Category:
Family