Court Date
Haut sin mer um 09:00 beim Guest House oofgeholl gin fir op d’Geriicht. Mir sollten um 10:00 rendez-vous hun, mee mir sin eréischt um 11:40 dru komm ….. 🙁
Den Jasper wor super gedëlleg bis 11:42 ….. virum Riichter huet hien dunn gekrasch wëll hien mitt an hongereg wor. Den “Interview” as awer ganz gut gaangen, de Riichter wor ganz verstänneg an huet gesoot en géing esou gesing daat den Jasper un ons hängt an daat mir och an Stresssituatiounen gut mam Kand eens gin. Hahaa!..
Déi 10 Minuten woren un sech ganz relax fir den Tom 🙂 an schnell eriwer. De Riichter huet zu Schluss nach gesoot, datt den Jayden vill Chance hätt bei ons ze kommen an daat hien geschwënn bei ons wir…. 🙂
Category:
Family
May 29, 2015 at 1:29 pm
YES!!! Sin sou frou fir iech. Dir wärt gesinn elo dauert ett net méi laang dann kennt den Jayden heem bei iech. DK 🙂 🙂 🙂
May 29, 2015 at 9:55 pm
Gutt Iddi, mir setzen de Jonas dann och virdrun op Regime 🙂
Ech mengen dir kënnt den nächste Vol schonn buchen, mat där Ausso vum Riichter 😉