Bis ganz geschwënn Seoul …..
Haut wor onsen leschten Dag hei zu Seoul …. 🙂
Mir sin den Dag relax ugaangen mat Valise paacken an duerno hu mer ons op den Wee gemeet fir nach e puer Saachen ze kaafen. Den Jasper huet och haut emol eppes aanescht ewéi Nuddelen an Reis gies ….. en Sandwich 🙂
Duerch Zoufall hu mer den Gwangjang Market fonnt, deen gut verstoppt as an nët vun villen Touristen besicht.
Kleeder, Miwwelen an Iessen. Et wor emol eppes ganz aanescht. Mir hun och en Kichelchen ze schmaachen kruut, deen EXTREM lecker wor, mir hun den Numm awer nët verstaanen ….. 🙁
Elo si mer all ferdeg an prett fir an d’Nana, muer musse mer um 05:15 opstoen.
Hoffendlech si mir séier nees hei zu Seoul 🙂
Category:
Family
May 31, 2015 at 5:00 pm
Wenschen iech eng schéin Heemrees, och wann d’Herz e besi schwéier ass well der des Keier nach nemmen zu drei heem kommt, mé ganz geschwenn sit dir zu 4 🙂 Safe travels XOXO