Custody day 08. 07. 2015
Mir haaten um 10 Auer Rendez-vous bei Holt fir den Jayden ofzehuelen. Nodeems hien sein läschten Check vum Dokter gemeet kruut, an mir traureg der Fosterfamill Äddi gesoot hun, si mer dunn mam Auto an den Hotel gefouert gin. Hien huet e bessi am Lift gekrasch an nach fir an den Auto, …me dunn as hien fest ageschloof . Am Hotel huet hien dunn mam Jasper gespillt, wéi wann si daat schon ëmmer esou gemeet hätten. Während deem hun mir d’Iessen virbereed. Nom Mettegiessen hun mer dunn eng Mettesrascht gehaalen, baal 3 Stonnen 🙂 . Géint der 18 Auer si mir bessi raus an d’Strooss dappe gaangen an hun traditionell am Star Bucks stallgehaal :). Um 19 Auer wore mir bei Frënn, déi och réischt just Apoptivelteren gi sin, e Stëck Gebuertsdaagskuch giess…an dunn zu Owend 😉 Den Jayden wor schnell ageschloof…mee ass dun no knapp 20 Minuten am Kraischen waakresch gin an huet sengem ganze Frust an senger immenzer Trauer mol et gutt laafe geloos an alles erausgejaut a gebiirelt…arme Männchen ass dunn erschöpft no enger Stonn beim Papa um Arm ageschloof. lo si mir op d’Nuecht gespaant 😉 an hoffen hien schléift awer nach gut genuch, fir muer mat sengem grousse Brudder reiberen ze kënnen 🙂
July 8, 2015 at 9:40 pm
Et ass esou schéin iech 4 zesummen ze gesinn. Wënschen iech ganz vill schéin Momenter nach zu Seoul zesummen, an awer och Kraaft a Gedold fir wann dann awer mol manner schéin Stonnen kommen. DK
July 9, 2015 at 7:50 am
Welcome to the Family Jayden! Wenschen iech nach eng schéin Zeit zu Seoul, an eng gudd Heemrees. DK