Onsen éischten Dag zu 4 ….
No enger stressecher Nuecht duerch Jetlag and “Jayleg” (Et schléift een nun eemol nët esou gut mat engem mini Fous am Mond) hun mer awer e schéinen Dag verbruecht an kruuten ons 2 Bouwen um 20:00 an d’Bett. Mir woren an den Pororo-Park, an d’Schwemm an dunn nach an d’Bidden. Duerno hun d’Jungs gestreikt …… :)…si woren detsch 😉
Den Jayden huet haut vill gelaacht, …. och en bessi gekrasch/gegranst, wann een emol NEE gesoot huet … 😉
Den Jasper as super, ….. hien as esou léif mat him an esou verstänneg mat ons. Um 18:00 koum en bei ons an huet gefroot fir an onsem Zëmmer Fernseh ze kucken, en hätt lo gären en bessi seng Rouh … 😉
Category:
Jayden