Den nächsten Dag zu Seoul …
Wou den Jasper (HW = Human Wecker) ons waakrech gemeet huet, wor et schon 10:13 den Mueren …….. d’Frühstück wor dunn schon mol gelaaf, mee wéi et op der Foto ze gesin ass, hun ons Paschaen hir Mëllech am Bett genoos 🙂
Haut wore mer op Dongdaemun an d’Spillstrooss. Et wor richteg, richteg warm haut, waat d’Saach fir den Jasper an den Jayden nët méi einfach gemeet huet…guer net vun der Paackieselen ze schwätzen 😉 . Mee se woren am “Kanguru” an hun et do awer relax genoss, duerch Seoul kutschéiert ze gin.
Den Jayden huet en MEGA Appetit 🙂 an esst alles waat op den Teller kennt … oder éischter waat tëschend den Stäbecher hängt. Hien wir och ouni Probleem den Owend ageschloof, wir net den Jasper mat sengem neien Auto (den Jayden liebäugelt schon de ganze Mëtteg mat der “verbotenen Frucht” 🙂 erangelaaf komm, …… 2 .Krise dëss Kéier awer just 30 Minuten … 😉