Ons éischt Deeg zerëck doheem ….
Mir sin elo 5 Deeg hei heem an fänken lues an lues un e Rythmus ze fannen. Den Jayden schléift gaaaanz gut an och schon an sengem Zëmmer, esou daat mir och onsen Schloof kréien. Hien spillt vill mat sengem grousse Bruder an beschäftegt sech awer och gären mol alleng oder mat ons.
Sain Appetit as oniwwertrefflech an et ass e Genoss him nozekucken, wann hien alleng ësst.
D’Papperassen fir den Affekot an op der Gemeng sin schon färdeg, elo bleift nach d’Caisse des Prestations Familiales an den Congé Parental an dann si mer mat dem administrative Deel och bei.
Den Jasper deet sech heiansdo schwéier mam Jayden ze deelen, mee hien kann awer och nët ouni. 😉 Et ass am Moment richteg flott 🙂
D’Fostermom huet wiirklech eng super Aarbescht geleescht. Den Jayden lieft sech richteg schnell an. Déi éischt Huggies and Kussien hun nët laang op sech waarden geloos 🙂 och “Mama” an “Papa” kënnt ëmmer méi heefeg.