Ons zweet Woche hei heem.
Den Jayden huet ausser den “normalen” Ech-Sin-NET-Frou Kraischien… keng Krisen méi 🙂 …loose mir mol Holz upaacken 😉
Den Jasper fängt och un lues an lues sech un déi nei Konstellatioun unzepassen 😉 an as ëmmer méi am “Grousse Brudder/Beschützer”- Modus 😉 an deelt och bei ganz gudder Laun souguer seng Spillsaachen mam Jayden (…ouni daat mir eppes soe mussen )
Den Jayden huet och elo baal déi ganz (lokal) Famill rsp. Giedel kenne geléiert an gëtt och schon super eens mat frieme Leit.
Hien wor och schon bis mat am Pompjéesbau an huet sech do och gut amüséiert.
Den Jasper haat seng éischt Zänndokter Interventioun, déi ganz gut oofgelaaf ass, mol keng Tréin 🙂
Et wor eng super schéin zweet Woch 🙂 an obwuel mir schon e gudde Start haaten, gëtt et all Dag méi familliär.