E Verspriechen & Namdaemun
Premiere bei ons am Stoot, den Jasper huet bis ca 10:00 geschloof. Kéint och um Jetlag leien, mee mir soen mol nee 😉 Dongdaemun muss fir Kanner erschloend sin, esou vill Spillsaachen op engem Meter-Caré as onvierstellbar, mee hei geet daat, Den Jayden wor un sech just fir d’Ellie akaafen: Petzi, Luuchten an rosa Autoen. Beim Jasper wor et dann méi klassech, vum Transformer bis zur Spillpistoul. Wann et him no géing goen dann hätte mer 3 Valisen voll mat Spillsaachen. Merci Boma an Mimi, ärt Täschegeld as drop gaangen 😉
Dun si mer iwert den Cheonggyecheon eppes iessen gaange fir uschléissend op Namdaemun ze düsen. Daat as den Dongdaemun fir d’Mamaen: Kleeder, Schung, Poschen esou weit wéi d’Aan kucke kennen. D’Mama konnt awer just en puer Stremp kaafen, bei den Jungs wor keng Gedold méi opzedreiwen. Duerno woren mer an d’Schwämm an dunn nach traditionell iessen. Dag 2 complete, Di Maggio’s out 😀
May 20, 2017 at 12:02 pm
🙂 🙂 cool DK