Eischte Meeting bei Holt
Haut wore mir op eisen éischten offiziellen Meeting mam Ellie. Jidereen wor do, … just d’Ellie net 🙁 Seng Fostermamm haat sech an der Zait geiiert an as ereicht um 11:00 komm. Am Kloertext woren vun onsen 90 Minuten der schon 60 fort. Dowengst duerfe mer et awer muer nach eemol extra gesin, gut daat mer neischt geplangt haaten (fannen keen Smiley fir Sarkasmus).
D’Ellie huet sech zereckgehaalen, d’Jungs hun zwar quasi dierfen mat him maachen, waat se wollten, fir ons wor daat awer en beschen méi restriktive. Wann d’Mama gekuckt huet, huet d’Missi gekrasch. No 30 Minuten konnte mer awer dun och Aizi maachen, an den Papa dueft et awer och op den Arm huelen … tic tac tic tac …. wähhhhhhhhhhhhhäääääää an dunn huet hat leider erem missen goen.
Duerno wore mer op eng Spillplaaz wou mer vill woren wéi mer fir den Jayden hei woren. Den Jasper huet sech direkt wéi doheem gefillt.