Hei sin d’Biller déi den offiziellen Holt Fotograf um éischten Meeting gemeet haat.
Haut wor onsen zweeten an leschten Meeting mam Jayden … 🙁 Et as nees erstaunlech gut gaangen, hien wor vill bei der Mama an huet immenz vill gelaacht. Den Jasper wor och nees super fein mat him, hien versteet just nët wiesou mer den Jayden nët kenne mat heem bréngen. Mir eigentlech och nët, ……..
Haut huet d’Minjee ons op den Tour duerch Seoul mat geholl. Mir woren fir d’éischt an en Temple beim Seoul Plaza, wou eng Demonstratioun stattfonnt huet. Den Jasper wor begeeschtert an huet ons duerno Lächer an den Bauch gefroot. Duerno haate mer d’Chance 12 Auer Bosingak Glack ze lauden. Déi as am Joer 1395 gegoss…
Den Mueren si mer ganz relax opgestaanen, …. mam Papa en beschen gesurft. Haut huet den Jasper sein neien Kolleeg aus Amerika kennegeléiert, den Miles. Et wor esou warm, daat mer bei der Gemeng am Sprangbuer bueden woren. Duerno wore mer op den Dongdaemun Market, eng Stroos wou nëmmen Spillgeschäfter sin. Wow!!! En Draam fir…
Hei sin Fotoen vun den Kadoen déi dem Jayden seng Foster Mom (Mrs Jo) ons gin huet, …. wow 🙂
Eigentlech wollte mer haut relax maachen ….. mee nodeems den Google Maps och op Koreanesch wor an net méi ëmzestellen wor, hu mer dunn awer en Probleem mat der Metro’s Statioun kruut. Du si mer halt en “beschen” gedappt. Nom Namsan Park an Seoul Tower, si mer op Iteawon gaangen, fir en Restaurant erëm…
Mir waren haut op Insadong, do wou mer vierun 3 Joer ganz vill mam Jasper woren. Et wor schéin déi Strooss nees ze gesin, an do ze dappen. Mée et woren esou vill Léit do. Duerno si mer bei den Cheonggyecheon Stream gaangen wou d’Lanternenfest as fir dem Buddha sein Gebuertsdag. No enger gudder Pizza hun mer…
Den Jayden as deen klengen Butzi mat den bloen Kleeder an weissen Punkten an der hellbloer Kaap. Déen schnellsten an der Video 😉 Déi 8 Minuten sin un sech déi komplett 90 Minuten, déi mer mam Jayden hun duerfen verbréngen.
Wou mer erop an den Auditorium komm sin, haate mir nët geduecht, daat den Jayden an seng GANZ Fosterfamill schon do wir. Wou d’Mrs Jo (Fostermom) op ons duer gelaaf koum, woren d’Emotiounen ganz stark. Mir haaten alleguer Tréinen an den Aan, ……. dunn hu mer en wonnerschéint Kikkelen héiren, .. den Jasper an den Jayden…
Latest Comments